top of page

Mir sprangen an d‘neit Joer!

Autorenbild: Redaktion
Redaktion
10. Nov.
1 Min. Lesezeit

Freides den 1. Januar 2027 vun 12 -16h


Fir e gudden Zweck - E Parcours vir Zwee- a Véierbeener!

Kommt an d‘Reithal vum Bio-Haff Baltes, 1, Um Suewel, L-9186 Stegen. Maacht mat bei engem klenge, einfache Parcours mat verschiddene Statiounen, matmaache kënne Jonk an Al (Kanner ab 4 Joer) entweder zu Fouss, mat Hond oder um Päerd. Fir de Start gëtt jidderee sou vill an d‘Keess wéi e wëll. Fir Snacken a Gedrénks ass gesuergt. De ganzen Erléis vum Catering a vun de Startgelder geet un den Télévie. Den Don ka Bor oder iwwer Payconiq (Wero) sur Place gemaach ginn.


Zousätzlech: E Fräiwëllege Fotosconcours mat engem Präis vun der Islandpäerd Vereenegung Lëtzebuerg! (Infoen um Site den Dag selwer)

Leit, déi zu Fouss oder mat Hond matmaache musse sech net umellen!


Parkméiglechkeeten fannt dir beim Foussballsterrain,um Bloen Eck, um Site selwer sinn d‘Parkplazen limitéiert.

Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessenen sinn. Hënn mussen um Site un der Léngt bleiwen. D‘Responsabilitéit riicht sech no de gesetzleche Virgaben.




 
 
 

Kommentare


Kontakt

Sitz

E-Mail-Adresse: islandpaerd@pt.lu

Islandpäerd Vereenegung Lëtzebuerg

1, um Suewel
L- 9186 STEGEN / Ernztalgemeinde

© 2021 Islandpäerd Vereenegung Lëtzebuerg

bottom of page