Summerrett am Grengewald
- Redaktion

- 10. Juli
- 1 Min. Lesezeit
Samsdes, den 22. August 2026
Mir invitéieren Iech häerzlech op eisen éischte Summerrett! Dësen Ausrëtt ass just fir sécher Reider geeegend.
Eist Ziel? De Schetzel am Gréngewald. Mat eiser Guidin Christiane, kennt dir en flotte Rett vun 15km voller Aventuren erliewen. Et ginn all d‘Gangarten geridden! Matmaache kenne sécher Reider ab 16 Joer.
Mir treffen eis um 9:00 um Parking tëscht Gonderange an dem Waldhaff
(weider Infoe per Mail)
Ënnerwee gëtt vun eis vir ee klenge Snack gesuergt.
E puer Leihpäerd gi vum Daniel Schmidt zur Verfügung gestallt.
Tarif Memberen : mat eegenem Päerd: 20,00€
mat Leihpäerd : 85,00€
Net-Memberen op Ufro
Umelle mat enger Email un: islandpaerd@pt.lu





Kommentare